Servicer Sozialen & therapeuteschen Déngscht
Service Social: Verbannen an Begleeden
Eise Sozialen Déngscht representéiert ee Grondsteen an der Résidence Op der Waassertrap. Geleet gëtt dëse Service vun enger Responsabel vum Service Social et Educatif, déi nieft hirer Aktivitiéit, an enker Zesummenaarbecht mat der Direktioun, der Fleeg- an der Animatiounsekipp schafft.
Dës Responsabel spillt eng immens wichteg Roll als éischt Kontaktpersoun fir zukünfteg Bewunner·innen an hir Familljen. Si initiéiert de Prozess, andeems se all déi Pesounen doheem beischt, déi doriwwer nodenken, d'Residenz zu hirem zukünftegen doheem ze maachen. Si erstellt eng Krankegeschicht a beäntwert all d'Froe vun der Persoun selwer a vun hirer Famill. Dës personaliséiert Approche soll d'Entrée an d'Résidence Op der Waassertrap sou einfach wéi méiglech gestalten.
An der REWA ginn hir Aufgabe awer nach wäit iwwert dëst éischt Treffen eraus. Si ënnerstëtzt Bewunner·innen an all hiren administrative Prozeduren a beäntwert all hi gesellschaftlech a sozial Froen, fir si ze guidéieren an z'ënnerstrëtzen. Mat enger holistescher Approche beméie mir eis, fir eise Bewunner·inne souwuel ee kierperlecht wéi och soziaalt Wuelbefannen ze garantéieren.
Service Thérapeutique: Gläichgewiicht a Wuelbefannen
Eist Therapieteam besteet aus engagéierte Physio- an Ergotherapeuten, déi e wichtege Pilier an der Résidence Op der Waassertrap duerstellen. Dank enger exzellenter Zesummenaarbecht mat de Fleege- an Animatiounsdepartementer ginn innovativ Projeten op d’Bee gestallt, déi all un der Philosophie vun der Humanitude ausgeriicht sinn.
D’Physiotherapeute bidde Servicer un, déi mat enger Iwwerweisung vun engem Dokter och vun der CNS iwwerholl ginn an erweideren esou eis Fleegoffer. Wärend deem ganze Schouljoer begréisse mir ausserdeem Physiotherapie-Stagiairen, encadréieren si an heiansdo kontrolléiere mer souguer hir Ofschlossaarbechten.
D’Ergotherapeute widme sech virun allem kognitiven Atelieren, inklusiv Aktivitéiten, déi déi iewescht Gliddmoosse mat abannen, therapeutescht Kachen, therapeutesch Bieder an d’Gestioun vun techneschen Hëllefsmëttelen.
Nieft der individueller Betreiung, erfëllt eisen therapeuteschen Déngscht d’Residenz duerch Gruppenaktivitéiten mat enger neier Vitalitéit. Dorënner proposéiere mir ënner anerem de Gläichgewiicht-Workshop, dobannen oder dobaussen an eisem Jardin de vie, souwéi flott Aktivitéite wéi den Trampolin oder Vëlo. Duerch dës ideal Mëschung vu professioneller Kompetenz an Dynamik beméie mir eis, d’Wuelbefanne vun eise Bewunner·innen ze fërderen.
Klickt hei an entdeckt eisen
Therapiesall-Fit a Gesond.
Klickt hei an entdeckt eise
Jardin de vie.