Zum Haaptinhalt sprangen

Restaurant Repas sur roues

All d'Senior·inn·en, déi an der Gemeng Suessem wunnen, hunn d’Méiglechkeet, sech 365 Deeg am Joer vum Repas sur roues waarm Molzechten heem liwweren ze loossen, déi an der Kiche vun der Résidence op der Waassertrap preparéiert ginn.

Dir kënnt allkéiers tëschent zwee Menüe wielen, déi jeeweils aus enger Zopp, engem Stéck Fleesch oder Fësch, enger Bäilag, engem Geméis oder enger Zalot, an engem Dessert bestinn. Ären ausgewielte waarme Plat gëtt da jeeweils tëschent 11.00 an 13.00 Auer direkt virun Är Hausdier geliwwert.

Méi Informatioune kritt Dir ënnert der Nummer 59 49 40 -1 oder 59 49 40-6601

Fir Reservatiounen, rufft w.e.g. um bis spéitstens 09.00 Auer un.

Dir kënnt den aktuelle Menü kucken andeems Dir hei klickt.

klickt hei fir eise Flyer ze gesinn

CIPA_RepasSurRoues_A5_DEF.pdf