Servicer Receptioun
Wëllkomm an der Receptioun vun der Résidence Op der Waassertrap, Ären éischte Kontaktpunkt an eiser engagéierter Gemeinschaft. Als Visittekaart vun der REWA setzt sech eist Empfangsteam an, fir eis Bewunner·innen, hir Familljen, extern Ubidder·innen, Fournisseuren an eis geschätzte Kolleg·inne wëllkomm ze heeschen.
Eist d’Team këmmert sech ëm d’Kommunikatioun via Telefon an iwwerhëlt all d’Explikatiounen zu den Umeldungsprozeduren, dem Funktionnement an den Infrastrukture vun der REWA. Mir beméien eis, Är Informatiounen a Messagen esou séier wéi méiglech un déi verantwortlech Departementer weiderzevermëttelen, fir eng flësseg an effizient Kommunikatioun ze garantéieren.
Eist Engagement geet allerdéngs iwwert den initiale Begréissungsdéngscht eraus. Mir sinn hei, fir d’Bewunner·innen a Familljememberen an allen Ëmstänn z’ënnerstëtze souwéi all Är Froen ze beäntwerten.
Donieft këmmere mir eis ëm d’Verpaken an d’Virbereedung vu verschiddene Bréiwer a Päck, souwéi d’Verdeelung vu Post an Zeitungen an d’Casë vun de Bewunner·innen. Eist Team këmmert sech ausserdeem ëm d’Erfaassung an d’Veraarbechtung vun den Umeldungsapplikatiounen, bestätegt den Empfang vu Bréiwer a schreift all nei Umeldung op eiser Lëscht an.
Schlussendlech beinhalt eis Roll och d’Gestioun vun der Website, mat reegelméissegen Updates vu verschiddenen Informatioune wéi de Menü, den Ënnerhalungsprogramm, d‘Neiegkeeten an och d‘Fotoe fir déi besonnesch Momenter an eiser Gemeinschaft mat de Leit dobaussen ze deelen.
An der Receptioun vun der Résidence Op der Waassertrap si mir hei fir Iech ze begréissen, ze guidéieren an Iech bei all Interaktioun eng aussergewéinlech Erfarung ze garantéieren.
D’Receptioun ass op vun:
Vu méindes bis freiden
vun 8.00 - 18.00 Auer an
Vu samschdes bis sonndes
vun 10.00 - 12.00 Auer an
vu 14.00 - 18.00 Auer
Feierdeeg
vu 14.00 - 18.00 Auer