Home Neiegkeeten
Wëllkomm an der Rubrik "Neiegkeeten" vun der Résidence Op der Waassertrap!
Hei fannt Dir all relevant an aktuell Informatioune ronderëm eis Ariichtung.
Sief et déi exzellent Menüen, déi eise Restaurant proposéiert, spannend zukünfteg Evenementer oder wichteg Neiegkeeten, déi mir mat Iech deele wëllen, dës Rubrik suergt dofir, dass Dir informéiert bleift an esou um Liewe vun eiser Gemeinschaft deelhuele kënnt.
Besicht dës Säit reegelméisseg, fir keng Neiegkeeten ze verpassen a bleift ëmmer um Lafenden doriwwer, wat an der Résidence Op der Waassertrap lass ass.

Centenaire an der REWA
1924 ass de russesche Revolutionär Lenin gestuerwen, d’Autosmark Mercedes-Benz gouf gegrënnt, d’Belsch huet d’8-Stonnen-Schaffwoch agefouert an zu Paräis waren déi olympesch Summerspiller, déi éischte Kéier mat Fraen an der Lëtzebuerger Delegatioun… an zu Esch/Uelzecht an der Kanalstrooss gouf den 28. November 1924 d’Thérèse Marie Wenzel gebuer.
A Präsenz vum Familljeminister Max Hahn, der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz, de Schäff·innen Nathalie Morgenthaler a Steve Gierenz, souwéi dem REWA-Direkter Alain Willet krut d’Madamm Wenzel den 28. November 2024 an der Résidence Op der Waassertrap zu Bieles ganz häerzlech fir den 100. Gebuertsdag gratuléiert. Vun hirer Duechter Béatrice bis bei hiren Ur-Enkel Milo (Joergang 2018) war och d’Famill versammelt, wéi si d’Médaille en vermeil (Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg) ugespéngelt krut.
D’Thérèse Wenzel wunnt schonn 30 Joer laang an eiser Gemeng, an déi geléiert Néiesch hält sech mat Scrabble fit.
Fotoen: Max Staus

Marche Gourmande - Back to school
Ganz am Kader vun der Schoulrentrée, hu mir och am CIPA “Op der Waassertrap” eng Rentrée geféiert. Mir hunn dat mat enger Marche Gourmande gemaach. Duerch eng Kooperatioun mam Musée Rural zu Peppeng krute mir allerhand al Schoul- a Kachutensilien ausgeléint. Niewent de kulinaresche Stänn, hate Leit du Méiglechkeet Dekoratioun ze bewonneren an sech erëm an hir Zäit zeréckzeversetzen.