Zum Haaptinhalt sprangen

Home Wee mir sinn

D'Résidence op der Waassertrap ass ee vum Schäfferot vun der Gemeng Suessem geféierte Centre Intégré pour Personnes Âgées.

 

Déi dagdeeglech Gestioun gëtt vun der Direktioun vum CIPA assuréiert an et gëtt alles doru gesat, den 120 Bewunner·innen déi beschtméiglechst Liewensqualitéit am fortgeschrëttenen Alter ze bidden. An dësem Sënn garantéiere mir all Bewunner·in eng respektvoll a perséinlech Betreiung, déi voll a ganz op déi jeeweileg Wënsch a Bedierfnesser ofgestëmmt ass.

 

Eis Philosophie

 

Am CIPA Résidence op der Waassertrap steet de·d’Bewunner·in zu all Moment am Mëttelpunkt. Et läit eis ganz besonnesch um Häerz, datt all Résident·e sech bei eis wuel an doheem fillt. 


Ee Schwéierpunkt läit op der Erhalung an der Stimuléierung vun der Autonomie vun all eise Bewunner·innen. Selbstverständlech ass eis Ekipp 24 Stonnen am Asaz an disponibel, wann Ënnerstëtzung noutwendeg oder erwënscht ass, mee et ass eis eng Häerzenssaach, datt all Bewunner·in säin·hiren Alldag selbstbestëmmend plangen a verbrénge kann.


Mir sinn ausserdeem immens houfreg drop, d’Méiglechkeet ze hunn, eise Bewunner·innen een ofwiesslungsräichen an aktiven Alldag bidden ze kënnen, wou jiddweree fräi a souguer gebieden ass, seng perséinlech Wënsch ze kommunizéieren. Mir freeën eis ëmmer iwwert nei Iddien, déi et eis erlaben, Neies ze erliewen, eis Servicer auszebauen an d’Qualitéit vun eiser Offer ze optiméieren.