Galerie Alles
Entdeckt eis Fotogalerie vun der Résidence Op der Waassertrap, eng visuell Rees duerch dat dynamescht Liewe vun eiser Gemeinschaft. Daucht an an déi festlech a häerzlech Atmosphär vun eise Feierlechkeeten, entdeckt d’Vitalitéit vun eiser Gemeinschaft duerch eis flott Aktivitéiten, kommt mat op beräicherend Abenteuer wärend eise reegelméissegen Ausflich, an entdeckt déi flott an authentesch Momenter vum Alldag an der Résidence Op der Waassertrap, wou mir all Dag d’Liewen an d’Gemeinschaft feieren.

Sproochequiz
!Sproochequiz!
Eis Bewunner a Bewunnerinnen hunn konnten hiert Wëssen an de Sproochen testen
Eis Bewunner a Bewunnerinnen hunn konnten hiert Wëssen an de Sproochen testen
Fotoen

Schueberfouer
Eis Bewunner a Bewunnerinnen waren mat eiser Ekipp op den Tuer an zwar op d'Fouer!
Si hunn gutt giess an e klengen Tuer iwwert d'Fouer gemaach... et war e flotte Moment
Si hunn gutt giess an e klengen Tuer iwwert d'Fouer gemaach... et war e flotte Moment
Fotoen

Tour de France - Präisiwwereeschung
Nom Tour de France, koum natierlech och d'Präisiwwereeschung! Eis beschte Fueren si geéiert ginn
Fotoen

Tour de France
Et war nees den "Tour de France"! Net nëmmen d'Vëlosfuerer sinn deen gefuer mee och eis Bewunner·innen hunn do mat hire Famillen aktiv mat pedalléiert... Et gouf geschweesst an awer och vill Kilometeren gemaach. Kommt déi flott Fotoen luussen.
Fotoen

Marie-Astrid
Mir hunn eis Bewunnerinnen op d'Schëff geschéckt an zwar op d'Marie-Astrid. Si waren gutt iessen an hunn och gutt vun der Vue profitéiert.
Fotoen

Spadséieren-Aktivitéit
Bei dësem schéine Wieder muss een einfach eraus an dat hunn eis Bewunner a Bewunnerinnen och gemaach...
Fotoen
