Zum Haaptinhalt sprangen

Servicer Eis Zëmmmeren

Vun den insgesamt 120 Zëmmeren an eiser Institutioun ginn der 119 als feste Wunnsëtz genotzt, wärend eent als Vakanzenzëmmer, also fir befristet Openthalter, ka gebucht ginn.


Et ginn zwou verschidden Zorte vun Zëmmeren:


› 25 m2 mat engem Balcon vu 5 m2
› 30 m2 ouni Balcon


All Zëmmer ass zum Deel miwweléiert a beinhalt ee Bett, zwee Schief, ee Safe an een am Nuetsdësch integréierte Frigo. De Rescht vum Zëmmer kann all Bewunner·in genau sou ariichten, wéi et him·hir gefält. Är Wunneng soll Är individuell Perséinlechkeet spigelen an een Ausdrock vun Ärem Liewensstil sinn. Dir kënnt also Är eege Miwwelen, Är Dekoratioun an all Är Erënnerunge matbréngen, fir datt Dir Iech an Ärem neien Doheem esou wuel fillt wéi nëmme méiglech. Eis technesch Ekipp hëlleft Iech och gäre beim An- an Opriichten.


D’Buedzëmmere si selbstverständlech barrierefräi an deementspriechend op d’Bedierfnisser vu kierperlech ageschränkten oder Mënsche mat engem Handicap ofgestëmmt.
All Zëmmer huet en Telefons- an enTelevisiounsuschloss a selbstverständlech kritt all Bewunner·in op Ufro Zougang zum hausinternen Internet.