Zum Haaptinhalt sprangen

Home Qualitéitsriichtlinnen

Eis Qualitéitsriichtlinnen:

De 16. Juli 2012 huet d'Résidence Op der Waassertrap seng Dieren als eng aussergewéinlech Institutioun fir d'Betreiung vun eelere Mënschen opgemaach. Dës Ariichtung steet ënnert der Leedung vum Sch!afferot vun der Gemeng Suessem, wärend déi deeglech Gestioun vun der engagéierter REWA-Direktioun assuréiert gëtt. 
 
Mat enger Kapazitéit vun 120  Bewunner·innen leeë mir besonnesch vill Wäert op Liewensqualitéit. Mir gleewe fest un d'Bedeitung vum Respekt fir déi perséinlech Gewunnechte vun de Bewunner·innen, e fundamentale Wäert, deen am Häerz vun eiser Aprroche verankert ass. All suergfäeltegen Detail an eiser Ariichtung hieft eis déift Engagement ervir, d'Wuelbefanne vun de Bewunner·innen ze prioriséieren a mécht se zu engem richtegen Doheem, wou jiddweree secj verstanen, geschätzt an ëmsuergt fillt.
 
Am Zentrum vun eise Beméiunge steet zu all Moment de d'Bewunner·in, mat enger individueller Ënnerstëtzung, déi an engem gesécherten an häerzlechen Ëmfeld un hir Bedierfnisser ugepasst ass.    
 
Bei eis steet all Dag am Zeeche vun Ärem Wuelbefannen an Ärer perséinlecher Erfëllung. 

Klickt hei fir eis eis Aufgaben - eis Visioun - eis Wäerter ze gesinn.