Home Eis Aufgaben, eis Visioun, eis Wäerter
Eis Aufgaben
An der Résidence Op der Waassertrap läit et eis besonnesch um Häerz, eis Bewunner·inne sou gutt et geet ze verwinnen an hinnen eng grouss Auswiel un héichwäertegen an ofwiesslungsräichen Déngschtleeschtungen unzebidden, déi jiddwerengem säin Alldag individuell verschéineren a beräicheren. All d‘Servicer an Offeren entspriechen ausserdeem de gesetzleche Fuerderungen wéi och den Ufuerderunge vun de Fleegeversécherungen, sief dat a Bezuch op d’Ënnerbréngung, d‘Gastronomie, d’Verfleegung, d’Animatioun, d’Fräizäitgestaltung asw.
Mir setzen alles dorunner, datt Dir gesond, mobil a selbststänneg bleift a suergen zu all Moment dofir, datt Är Sécherheet garantéiert ass. Op dës Aart a Weis kënne mir Iech een angeneemen a gesécherte Liewensofschnëtt an engem sympatheschen a gesellege Kader garantéieren.
Eis Visioun
An der Résidence Op der Waassertrap striewe mir duerno, een Uert ze kreéieren, dee méi ass ewéi just eng Plaz fir ze wunnen. Mir engagéieren eis leidenschaftlech, fir eise Bewunner·innen eng aussergewéinlech an héichqualitativ Erfarung ze bidden, déi un de jeeweilege finazielle Kader ugepasst ass. Eist Zil ass et, déi sozial Verbindungen oprecht ze erhalen, déi kognitiv Fäegkeeten duerch verschidden Aktivitéiten ze stimuléieren an e positiivt Selbstbild ze stäerken.
All eis Decisioune baséieren op engem fundamentale Prinzip: de Komfort an d'Wuelbefannen vun eise Bewunner·inne steet ëmmer am Zentrum vun all eisen Handlungen. Mir versichen en Ëmfeld ze kreéieren, an deem eis Mataarbechter·inne sech berufflech entfalen a wou all Bewunner·in sech doheem fillt. Dëst mécht eis Residenz zu enger lieweger Plaz, voller Motivatioun a voller Freed.
Nieft dem kierperlechen Aspekt, widme mir eis dem allgemenge Wuelbefannen, wat et eise Bewunner·innen erlaabt, e wierdegt a friddlecht Liewensenn ze genéissen. Schlussendlech assuméiere mir och eis Verantwortung vis-à-vis vun der Ëmwelt, andeems mir respektvoll Praktiken ëmsetzen an eis aktiv fir eng nohalteg Entwécklung engagéieren.
Mir sinn eng houfgreg an engagéiert Gemeinschaft, déi sech der Aufgab verschiwwen huet, all eenzelnem·r Bewunner·in ee sënnvollt Liewen voller Méiglechkeeten ze bidden.
Eis Wäerter
Respekt, Sécherheet, an eng individuell Betreiung sinn d’Sailen, op déi mir eis Institutioun opgebaut hunn. Mir setzen alles dorunner, datt jiddwereen e Maximum u Liewensqualitéit genéisse kann. Fir dëst ze erreechen, stelle mir fir d‘éischt sécher, datt d’Aarbechtsklima fir d’Mataarbechter·inne an der REWA zu all Moment zefriddestellend a beräicherend ass. Op dëser Basis bilt sech ee professionellt a motivéiert Team, wat zesummenhält, déi selwecht Iddien a Wäerter vertrëtt an all Dag mat Leidenschaft a Motivatioun bei der Saach ass.
Donieft leeë mir och vill Wäert dorobber, datt d’Bewunner·innen iwwer hir Rechter a Flichten innerhalb vun eiser Gemeinschaft informéiert sinn.
Esou entsteet eng op Vertraue baséierend Bezéiung innerhalb vun eisem Team, mee och tëschent dem Personal an de Bewunner·innen.