Prozeduren Info
Fir een neit Liewenskapitel an der Résidence Op der Waassertrap unzefänken, geet et duer, den Umeldungsformulaire auszefëllen an un d’Direktioun vun der REWA ze schécken.
Wann Dir nach Informatioune sicht oder Hëllef beim Umeldungsprozess braucht, ass eis Direktioun ëmmer disponibel fir all Är Froen ze beäntweren.
Eisen Etablissement empfänkt Leit ab siechzeg Joer, déi aus verschiddene Grënn en neit Doheem sichen. Eis Haaptaufgab ass et, eng Plaz ze schafen, wou eis Bewunner·innen sech net nëmme versuergt a sécher fillen, mee och fräi no hire Wënsch a Fäegkeete liewe kënnen.
D’Integratioun vun eise Bewunner·innen ass e Grondwäert a mir maache keen Ënnerscheed bezüglech der jeeweileger Hierkonft, Erfarung oder dem Liewensstil. Mir gleewen un de Räichtum vun der Diversitéit a mir beméien eis, en inklusiivt Ëmfeld ze kreéieren, wou jidderee seng Plaz fënnt.
Résidence Op der Waassertrap
60, rue Waassertrap
L-4408 BELVAUX
Tél. +352 59 49 40 - 1
Fax. +352 59 49 40 - 33 99