Servicer Projet
Am Laf vum Joer organiséiert d'Rewa verschidde Projeten am Haus wou all Bewunner·in sech umelle kann fir matzemaachen.
D'Zil vun dëse Projeten ass et, datt d'Bewunner·innen sech an de verschidde Projeten investéieren an esou d'Gefill hunn nëtzlech ze sinn a gebraucht ze ginn.
Hei kënnt Dir eis verschidde Projeten fannen.

Omlette a Carotte
E flotten Austauch tëscht Mënsch an Déier... Kommt eise flotten Reportage iwwert eis Hinger kucken.

Spadséiergang mam Ayla
Eis Bewunner·innen haten déi Chance fir mam Ayla, den Hond vum Myra aus dem Service Educatif, spadséieren ze goen an och mat em ze spillen.


Triovëlo
D’Sonn kënnt raus an Temperature ginn an d’Luucht.
Dann ass Zäit fir erëm mam Triovëlo en Tour iwwert de Belval ze maachen. D’Bewunner·innen kënnen sech zu Zwee op de Vëlo sëtzen, d’Hoer fléien am Wand an e Laachen am Gesiicht ass garantéiert.
Jiddwereen ass Wëllkomm fir sech vun dëser Aktivitéit faszinéieren ze loossen.

Eis Hinger
Eis Hinger sinn do!
Mat grousser Freed konnten eis Bewunner·innen sech fläisseg ëm se këmmeren.