Zum Haaptinhalt sprangen

Home Neiegkeeten

Wëllkomm an der Rubrik "Neiegkeeten" vun der Résidence Op der Waassertrap!

Hei fannt Dir all relevant an aktuell Informatioune ronderëm eis Ariichtung.

Sief et déi exzellent Menüen, déi eise Restaurant proposéiert, spannend zukünfteg Evenementer oder wichteg Neiegkeeten, déi mir mat Iech deele wëllen, dës Rubrik suergt dofir, dass Dir informéiert bleift an esou um Liewe vun eiser Gemeinschaft deelhuele kënnt. 

Besicht dës Säit reegelméisseg, fir keng Neiegkeeten ze verpassen a bleift ëmmer um Lafenden doriwwer, wat an der Résidence Op der Waassertrap lass ass. 



Corona-Fräsch 2021



Och dëst Joer ass an eisem Keramik-Atelier e Fräsch gebuer. Dir kënnt eise Corona-Fräsch 2021 an eiser Receptioun bestellen.
Präiss: 25€

Fit a gesond



Sport steet bei eis all Dag um Programm. Dobäi bleift ee fit, gesond an et gëtt och gutt zesumme gelaacht.

Concert vun der Strëpp Zolverknappbléiser



Den Dag gouf musikalesch begleet vun der Strëpp vun den Zolverknappbléiser. Villmools Merci fir dee schéine Moment.

Mir ware klibberen



E schéinen Dag hate mer zesummen an hu geklibbert wat hues De, wat gëss De.

A wann een eis wollt dobäi ënnerbriechen, hu mer geruff: Klibber mech :-)

Dik dik dak - mir hunn Oueschtereeër gefierft



Eng flott Traditioun déi ëmmer nees vill Freed mécht, an och schéin Erënnerungen zeréck bréngt. Eis Ouschtereeër si wonnerschéi ginn.

Concert mam Catherine a Fabrice



E flotte musikalesche Moment hate mer dës Woch mam Catherine a Fabrice. Et gouf gelaacht an och e bësselche gedanzt.
1 2 4 5 6 7