Home Neiegkeeten
Wëllkomm an der Rubrik "Neiegkeeten" vun der Résidence Op der Waassertrap!
Hei fannt Dir all relevant an aktuell Informatioune ronderëm eis Ariichtung.
Sief et déi exzellent Menüen, déi eise Restaurant proposéiert, spannend zukünfteg Evenementer oder wichteg Neiegkeeten, déi mir mat Iech deele wëllen, dës Rubrik suergt dofir, dass Dir informéiert bleift an esou um Liewe vun eiser Gemeinschaft deelhuele kënnt.
Besicht dës Säit reegelméisseg, fir keng Neiegkeeten ze verpassen a bleift ëmmer um Lafenden doriwwer, wat an der Résidence Op der Waassertrap lass ass.

Vum Ee zum Jippelchen zum Hung
E ganz aktuelle Projet bei eis am CIPA sinn eis Héngereeër déi mat Hëllef vun engem “Brutapparat” ausgebréit ginn.
Et handelt sech em Hénger vu verschidde Rassen. Wärend 21 Deeg kënnen eis Residente beobachte wéi esou en Ee sech entwéckelt bis datt d’Jippelche schlüpft. Duerno bleiwen d’Jippelcher nach e puer Deeg bei eis.
Dëse Projet soll eis Residente stimuléieren;
• Erhale vum Wuelbefannen
• Erhale vum Denkverméigen
• Erhale vum Erënnerungsverméigen
An deenen nächste Woche sti verschidde Projeten an Ateliere ronderëm Thema Eeër, Jippelcher an Hénger um Programm.
Dir fannt Fotoen dozou an eiser Galerie.

Prix Luxembourgeois de la Qualité et de l'Excellence 2018
Um Freideg 16.11.2018 goufen d'Präisser vun der Qualitéit an der Exzellenz op enger Gala an der Chambre de Commerce verdeelt. 2011 + 2015 ware mir nach um Wee dohinner an dëst Joer hu mir den 1. Präis kritt.
E Video,Fotoen an 2 Artikelen aus dem Journal a bei RTL fannt dir hei drënner
E Video,Fotoen an 2 Artikelen aus dem Journal a bei RTL fannt dir hei drënner

Prix de l'Humanitude
E Freiden 09.11.18 krut de CIPA "Résidence op der Waassertrap, de Präis vun der Humanitude fir " Lieu de vie, lieu d'envie" zu Paräis virun 1000 Leit iwwerreecht.
Direktioun ass houfreg op seng Mataarbechter fir déi geleeschten Aarbecht am Interessi vun eise Residenten.
Als éischt Haus hei am Land mat der Philosophie vun der Humanitude wäerte mir dëst och esou weiderféieren

Luxembourg Times Business Run
Och de CIPA REWA war mat 17 Leit do un de Start gaangen.
Dir fannt hei drënner en Artikel dovun aus dem "Luxemburger Wort" an och Fotoe vun eise Sportler
Dir fannt hei drënner en Artikel dovun aus dem "Luxemburger Wort" an och Fotoe vun eise Sportler

Label RSE
Zenter Mee 2018 huet de CIPA de Label RSE (Responsabilité Sociétale des Entreprises). Dësen Zertifikat steet dofir dass de CIPA en ëmweltfrëndlecht, soziaalt, gesellschaftlecht an ethescht engagéiert Haus ass. De Label ass 3 Joer gülteg a kann duerno erneiert ginn.