Servicer Jardin de vie
Eisen therapeutesche Gaart ass (mat Betreiung) fir eis REWA-Bewunner·innen zougänglech. Den therapeutesche Service organiséiert zwou Stimulatiounssessioune pro Woch, déi duerch de Parcours vun dësem Gaart féieren, ëmmer dann, wann d‘Wieder et erlaabt (wärend dem ganze Joer).
Ronderëm e Sprangbuer gouf en Entspanungs- a Relaxatiounsberäich mat Bänken a Planzen ënnert enger Pergola geschaf. Dëse Beräich steet virun allem Gruppe mat bis zu enger Dose Senior·innen zur Verfügung, déi mam Animatiounsteam heihinner kommen.