Servicer Salle thérapeutique
Eisen Therapieraum „Fit a Gesond“ um Rez-de-Chaussée vun eisem Zenter gëtt fir all déi Aktivitéite benotzt, déi mat der Mobilitéit ze dinn hunn.
Eis Bewunner·innen hunn d‘Méiglechkeet mam Vëlo ze fueren, d‘Äerm an d‘Been um Stepper ze trainéieren an Übungen ze maache fir hir Muskulatur ze stäerken. Zweemol d‘Woch gëtt ausserdeem e Workshop organiséiert, wou dank engem spezifesche Parcours d‘Balance verbessert gëtt.
D’Bike Labyrint ass en interaktive Vëlostour, deen d‘kierperlech Aktivitéit méi agreabel gestalt an domat zu enger besserer Liewensqualitéit bäidréit.
Dobäi handelt et sech ëm een therapeutesche Vëlo mat engem Fernseeschierm, deen de Wee uweist. Dobäi gëtt et eng grouss Auswiel un nationalen (8 Lëtzebuerger Stied) an internationalen Touren.
D‘Virdeeler si villfälteg:
1/ Kierperlech Betätegung encouragéieren – D’Bike Labyrint motivéiert d‘Benotzer·innen, ëmmer weider ze pedalléieren, ouni datt si sech langweilen. Duerch d‘Pedalléiere verbessere si hir Muskelkraaft an hir kierperlech Verfaassung.
2/Motivatioun zu der selbststänneger Exploratioun – D’Bike Labyrint erlaabt et an engem sécheren Ëmfeld Vëlo ze fueren. D‘Benotzer·inne kënnen dobäi hiren eegene Wee wielen, wat hinnen ee Gefill vun Autonomie gëtt. Ëmweltgeräischer, wéi déi vum Verkéier oder Kannerlaachen, stimuléieren dobäi och d‘Gehéier.
3/Erënnerungen zréckbréngen – Wärend dem Vëlostour erkennen d‘Benotzer·innen dacks Stroossen, Haiser oder Gebaier erëm: Dëst ass eng gutt Stimulatioun fir d‘Gehier. D‘Opruffe vun Erënnerungen zesumme mam Fleegepersonal an anere Bewunner·innen bitt och nei Gespréichstheemen.
Um 2. Stack gëtt et nach e méi rouege Raum, dee benotzt gëtt, fir d‘Gedächtnis, d‘Konzentratioun an d‘Feinmotorik, souwéi dank engem Standing och d‘Vertikalitéit, ze trainéieren.
Hei fannt Dir Fotoe vun eisem Therapieraum: