Galerie Verschiddenes
D’Liewen an der Résidence Op der Waassertrap ass räich un Diversitéit an eenzegaartege Momenter. Vun einfachen a spontanen Erliefnesser bis hin zu de klenge Freede vum Alldag, bitt Iech dës Rubrik en authenteschen Abléck an d’Liewen an eisem Etablissement. Loosst Iech vum deene ville flotte Momenter matrappen, a iwwerzeegt Iech selwer vun der positiver Stëmmung an eiser aussergewéinlecher Gemeinschaft.

Den Här Thommes krut Besuch vun Nofuere vun amerikaneschen Zaldoten, die hie gerett haten
Ganz emotional gouf et deslescht am CIPA fir den Här Thommes. Hie krut Besuch vun Nofuere vun amerikaneschen Zaldoten, déi him a senger Schwëster am Krich d'Liewe gerett haten.
Zesumme gouf am CIPA gefeiert, an de Musée National d'Histoire Militaire gouf och besichtegt. Hei gouf hir Geschicht op enger Mauer veréiwegt.
Weider Detailer iwwert dëse Besuch kritt Dir hei am Artikel.

Fotoen

Bieleser Musik
Den Hämmelsmarsch krute mer gespillt vun der Bieleser Musik. Et war e ganz flotten a lëschtege Moment a gudder Gesellschaft.
Fotoen