Galerie Verschiddenes
D’Liewen an der Résidence Op der Waassertrap ass räich un Diversitéit an eenzegaartege Momenter. Vun einfachen a spontanen Erliefnesser bis hin zu de klenge Freede vum Alldag, bitt Iech dës Rubrik en authenteschen Abléck an d’Liewen an eisem Etablissement. Loosst Iech vum deene ville flotte Momenter matrappen, a iwwerzeegt Iech selwer vun der positiver Stëmmung an eiser aussergewéinlecher Gemeinschaft.
Iwwerreechung vun de Certificaten vun der Formatioun "Soins palliatifs"
Am Kader vun enger feierlecher Zeremonie goufen d'Certificaten un d'Participanten iwwerreecht, déi d'Formatioun am Beräich vun de "Soins palliatifs" erfollegräich ofgeschloss hunn. Dës Remise ënnersträicht hiert Engagement fir eng kompetent, respektvoll a mënschlech Begleedung vu Mënschen a palliative Situatiounen an hire Familljen.
Fotoen

Spadséiergang
Bei dem schéine Wieder muss een einfach vun der Sonn profitéieren... An eis Bewunner a Bewunnerinnen hunn dat och gemaach.
Fotoen


Concert - THE TIME MACHINE
Eis Bewunner sinn bei dësem Concert zeréck an d'Zäit geschéckt ginn...
Fotoen

Poterstonn
D'Meenung vun eise Bewunner ass eis Wichteg a dofir gëtt reegelméisseg eng Poterstonn organiséiert esou datt Si sech och all äussere kennen a mir Hir Iddie kennen entgéint huelen.
Fotoen
