Galerie Verschiddenes
D’Liewen an der Résidence Op der Waassertrap ass räich un Diversitéit an eenzegaartege Momenter. Vun einfachen a spontanen Erliefnesser bis hin zu de klenge Freede vum Alldag, bitt Iech dës Rubrik en authenteschen Abléck an d’Liewen an eisem Etablissement. Loosst Iech vum deene ville flotte Momenter matrappen, a iwwerzeegt Iech selwer vun der positiver Stëmmung an eiser aussergewéinlecher Gemeinschaft.
Jugendlecher komme sangen
Et ass ëmmer flott wann Jonker sange kommen. Eis Bewunner haten e flotten Moment.
Fotoen

Eng onvergiesslech Feier 101 Joer Madame Heinz-Konen Anne
All Trimester gëtt „REWA-Résidence op der Waassertrap“ zu enger Feierplaz fir d’ ronn Gebuertsdeeg vun eisen Bewunner. Dës Traditioun, déi mat Spannung erwaart gëtt, erlaabt et jidderengem, sech besonnesch ze fillen a Gemeinschaftsmomenter ze deelen.
D’ ronn Gebuertsdeeg, ob 80, 85, 90 oder souguer 100 Joer, si Geleeënheet fir net nëmmen d’ Bewunner, mee och hir Familljen a d’ Personal zesummen ze bréngen. Mat flotter Dekoratioun, leckerem Kuch an gudder Musek aus der Zäit entsteet eng waarm a frëndlech Atmosphär. All Bewunner gëtt an den Zentrum vun der Opmierksamkeet gesat, mat enger klenger Riet an natierlech engem klengen Kaddo, deen mir bei eis am Keramik Atelier mat eisen Bewunner erstellen.
Den 23.08.2024 hunn mir der Madame Heinz-Konen Anne hier 101 Joer an der REWA geféiert. Hiren Jong, Fernand Heinz, ass speziell fir d’Gelegenheet komm an huet senger Mamm um Duddelsack verschidden Lidder gespillt. Madame Heinz-Konen an hier Famill hunn dësen flotten Moment zesummen an der Famill genoss
Wann dir intresséiert sidd, den Video vum Här Heinz Fernand ze gesinn, kennt dir hei drënner op de Link drécken an iech mat zéien loossen vum schéinen Concert.

https://youtube.com/shorts/zYdGMfZHHW8?feature=share