Galerie Aktivitéiten
Entdeckt d’Vitalitéit an d’Energie vun eiser Gemeinschaft duerch d’Fotogalerie vun eisen Aktivitéiten. Vu kreativen Ateliere bis hin zu Fitness-Sessioune reflektéiert all Bild den Engagement vun eiser Gemeinschaft fir eise Bewunner·innen e stimuléierend a variéiert Ëmfeld ze bidden. Hei hutt Dir all Dag d’Méiglechkeet, perséinlech ze wuessen a gemeinsam flott Momenter ze erliewen.

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen
De Kleesche koum dëst Joer net nëmme bei déi brav Kanner. En ass och bei eis Bewunner a Bewunnerinne komm,fir e schéine Moment zesummen ze erliewen. Eppes ze schneeke gouf et dobäi och.
Fotoen

Mir sange Chrëschtdagslidder
Sange mécht glécklech, zemools, wann et Chrëschtdagslidder sinn déi ee säi ganzt Liewe schonns mat der Famill gesongen huet. E ganz schéine Moment fir eis Bewunner, an d' Personal.
Fotoen

Virbereedungen fir Chrëschtdag
Et ass eng schéin Traditioun, de Beemchen zesummen op ze riichten. D' Stëmmung vu Chrëschtdag ass iwwerall am Haus ze spieren.
Fotoen


