Galerie Aktivitéiten
Entdeckt d’Vitalitéit an d’Energie vun eiser Gemeinschaft duerch d’Fotogalerie vun eisen Aktivitéiten. Vu kreativen Ateliere bis hin zu Fitness-Sessioune reflektéiert all Bild den Engagement vun eiser Gemeinschaft fir eise Bewunner·innen e stimuléierend a variéiert Ëmfeld ze bidden. Hei hutt Dir all Dag d’Méiglechkeet, perséinlech ze wuessen a gemeinsam flott Momenter ze erliewen.

Trounwiessel 2025
Live beim Trounwiessel, waren och eis Bewunner a Bewunnerinnen dobäi! D'Deko dierft och net feelen!
Fotoen
Sportstreffen
Et ass ëmmer flott sech mat aner Haiser ze treffen fir ze spillen an duerno e gudde Maufen z'iessen
Fotoen

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen
De Kleesche koum dëst Joer net nëmme bei déi brav Kanner. En ass och bei eis Bewunner a Bewunnerinne komm,fir e schéine Moment zesummen ze erliewen. Eppes ze schneeke gouf et dobäi och.
Fotoen

Mir sange Chrëschtdagslidder
Sange mécht glécklech, zemools, wann et Chrëschtdagslidder sinn déi ee säi ganzt Liewe schonns mat der Famill gesongen huet. E ganz schéine Moment fir eis Bewunner, an d' Personal.
Fotoen

Virbereedungen fir Chrëschtdag
Et ass eng schéin Traditioun, de Beemchen zesummen op ze riichten. D' Stëmmung vu Chrëschtdag ass iwwerall am Haus ze spieren.
Fotoen

