Zum Haaptinhalt sprangen

Servicer Palliativfleeg

d'Palliativfleeg ass eng Approche fir Leit, déi un enger schlëmmer progressiver, onheelbarer oder chronescher Krankheet leiden. D'Haaptzil vun dëser Approche ass d'Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun der kranker Persoun an hirem Ëmfeld, duerch d'Preventioun an d'Entlaaschtung vu Péng an anere belaaschtende Symptomer. Palliativfleeg considiréiert d'Persoun op eng holistesch Aart a Weis: Nieft kierperlech Probleemer berücksichtegt déi palliativ Betreiung ausserdeem dee psycho-sozio-spirituelle Beräich. Acteuren aus verschiddene Beruffsgruppe schaffen an enker Zesummenaarbecht, fir gemeinsam d'Probleemer an d'Intresse vun der kranker Persoun an hirem Ëmfeld unzegoen an hir z'erméiglechen, de Rescht vun hirem Liewen op déi bescht méiglech Manéier ze verbréngen. 

(Quell: https://www.omega90.lu/)

Zënter 2014 huet d'Résidence Op der Waassertrap hiren eegene Palliativ-Grupp. Eist Haaptzil ass et, eise Bewunner·innen d'Méiglechkeet ze ginn, bis zum Liewensenn an hirem vertrauten Ëmfeld ze bleiwen a vun der beschtméiglecher Betreiung ze profitéieren. Mëttlerweil goufe bal 70% vun eisem Personal, souwuel am Beräich vun der Fleeg wéi och an anere Beräicher, speziell an der palliativer Betreiung vun Omega90 ausgebilt.

Mat der Ënnerstëtzung vun eise behandelenden Dokteren a verschiddenen Departementer, begleede mir all Bewunner·in an hire leschte Méint, Wochen, Deeg a Stonnen, respektéieren hir Wënsch a garantéieren eng holistesch Betreiung. 

Dobäi agéiere mir net nëmmen als Fleegepersonal, mee och als Bezuchspersoun fir d'Familljen. An dësem Sënn si mir virbereet, all hir Froen ze beäntweren an eis ëm all Bedenken a Besoinen ze këmmeren. Fir de Mënsch z'erméiglechen déi lescht Momenter mat hire Léifsten ze deelen, bidde mir och d'Méiglechkeet, an eisen dofir ageriichte Studioen ze iwwernuechten. D'Iessen um Zëmmer oder am Restaurant ass selbstverständlech dobäi an der Famill ginn och keng Besuchslimitatiounen operluecht. 

Eemol am Joer organiséiert d'Residenz ausserdeem e Commemoratiounsowend, deen d'Familljen, d'Frën·dinnen an d'Bewunner·innen zesummebréngt fir eise Verstuewenen ze gedenke. Dëst ass e besonnesche Moment, fir un d'Liewe vun deenen ze erënneren, déi ee bleiwenden Androck an eiser Gemeinschaft hannerlooss hunn. 

Klickt hei, fir Iech den erklärende Video iwwert eis Palliativkultur unzekucken

Klickt hei, fir méi iwwert eis Palliativkultur erauszefannen - Flyer Soins Palliatifs REWA