Zum Haaptinhalt sprangen

Servicer Begleedhond

De "Mozart", eise soziale Begleethond, ass säit dem 2. Mee 2018 bei eis an der REWA a bréngt säitdem Dag fir Dag nei Wand an eis Gemeinschaft. 

De Mozart ass vu méindes bis fréides vun 8:00 bis 16:00 Auer am Déngscht a verféiert eis Bewunner·innen mat senger ustiechender Freed a senger bedéngungsloser Ënnerstëtzung. Am Alter vun 2 Joer huet de Mozart 6 Méint laang eng intensiv Formatioun bei "Handi'Chiens" gemaach, wou hie gléiert huet, mat eeleren an och behënnerte Leit ze schaffen an ze liewen. 

Ënnert der opmierksamer Betreiung vun eiser Ergotherapeutin Laura, déi seng Haaptkontaktpersoun ass, a mat der Ënnerstëtung vum Emilie, eiser Responsabel vun der Flee-Unitéit, verbréngt de Mozart gären Zäit an eiser Gemeinschaft. 

Dem Mozart seng aussergewéinlech Aarbecht dréckt sech virun allem duerch d'Motivatioun an d'Aktivatioun vun eise Bewunner·innen aus. Hie begleet si op engem erfëschende Spadséiergang, genéisst et geheemelt oder gekämmt ze ginn a freet sech och ëmmer iwwert déi eng oder aner Belounung a Form vun enger klenger Schneekerei. Op dës Aart a Weis bitt de Mozart vill Méiglechkeete fir wueldoenden Austausch a Kontakt. 

Esou kreéiert hien eng nei Erausfuederung, bréngt positiv Energie fir eis Bewunner·innen a verwandelt all Dag an eng freedeg a beräicherend Aventure an der Résidence Op der Waassertrap.

Klickt hei, fir en Zeitungsartikel iwwert de Mozart ze liesen

Hei fannt Dir Informatiounen iwwert d'Associatioun "Handi'chiens" https://www.handichiens.org