Zum Haaptinhalt sprangen

Servicer Sënnesraum

Um 1. Stack vun eiser Residenz befënnt sech eise Sënnesraum, wou mir eis voll a ganz der sensorescher Stimulatioun an der Erënnerung widmen. Dëse Raum gouf entwéckelt, fir Erënnerungen a Sënner nees z'erwächen a bitt eng medikamentefräi Ënnerstëtzung mat ville Virdeeler fir eis Bewunner·innen.

An dësem gemittlechen a séchere Raum ginn all d'Sënner stimuléiert, fir eise Bewunner·innen eng sensoresch Erfarung ze bidden, déi souwuel de Geescht wéi och d'Häerz nei belierft.

  • Déi visuell Stimulatioun gëtt duerch e faarwege Kaleidoskop animéiert, deen unhand vun optesche Faseren, enger interaktiver Mauer an engem Stärenhimmel Projektiounen erstellt, wärend eng Sail mat faarwege Bullen d' Ae begeeschter.

  • Duuss Kläng a Melodien aus der Natur schmeechelen dem Ouer, berouegen d'Séil an erëffnen nei Horizonter fir de Gehéiersënn.

  • Taktil Paneeler mat verschiddenen Texture bidden eng intensiv taktil Stimulatioun a beräicheren esou de Beréierungssënn. 

  • De Gerochssënn gëtt dank engem äthereschen Uelegdiffusor mat periodespezifesche Parfumen oder berouegendem Doft op eng olfaktoreschg Rees invitéiert, déi Erënnerungen an Emotiounen oprifft.

Flyer_salle_sensorielle.pdf

Hei fannt Dir Fotoe vun eisem Sënnesraum:

Fotoen