Servicer Eis verschidden Aktivitéiten
Alldagsaktivitéiten
› Kreativatelieren
› Bitzen
› Kach- a Bakatelieren
› Manikür
› Bingo
› Musek a Sangen
› Filmnomëtteger
› Gesellschaftsspiller
› …
Kulturell Aktivitéiten
› Faart mat der MS Princesse
Marie-Astrid
› Visitt vum Palais Grand-Ducal,
dem Casino 2000 oder
der Luxlait-Fabrick
› Ausflich op verschiddene Mäert
an der Regioun
› Ausflich an de Beetebuerger Park
› Ënnerschiddlech Concerten
› Foto- a Konschtausstellungen
an der Entrée vun der REWA
› …
Kierperlecht Wuel
› Sëtzyoga
› Danz am Sëtzen
› Keelen
› Fitnessraum (ugepasst un
d’Bedierfnesser vu Senioren)
› Buerféisswee
› Fangergymnastik
› …
Mentaalt an intellektuellt Wuel
› Gediechtnesaktivéierung
› Therapeutesche Gaart
› Sophrologie
› Achtsamkeet
› Psychologesch Betreiung
› Eveil sensoriel (Snoezelen)
› Reegelméisseg Massen
› …
Reegelméisseg Ausflich
› Shopping Zenter
› Bäckerei
› Bank
› …
Saisonal Ausflich
› Schueberfouer
› Oktav
› Eemaischen
› Chrëschtmaart
› …
Auslandsreesen
› Hollännesch Plage
› Titiséi
› Lécker Maart
› …
Aussergewéinlech Virdeeler
D’Animatiounsekipp organiséiert reegelméisseg Sport a Spill-Kompetitioune mat aneren Alters-a Fleegeheemer, déi entweeder an der Résidence op der Waassertrap stattfannen oder mat engem Ausfluch an een aneren Zenter verbonne sinn. Dëst erlaabt et de Bewunner·innen nei Leit an een anert Ëmfeld kennenzeléieren.
Och den intergenerationellen Austausch gëtt an der Résidence op der Waassertrap grouss geschriwwen. A reegelméissegen Ofstänn
gi Projete mat Jugendhaiser a Crèchen organiséiert, fir déi verschidde Generatiounen enee méi no ze bréngen an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, vuneneen ze léieren a mateneen eng schéin Zäit ze verbréngen.
De Kontakt mat Déieren huet een änlech positiven Afloss op d’Wuelbefanne vun de Mënschen. Aus dësem Grond kréien d’Bewunner·innen heefeg Besuch vu Begleetdéieren – z.B. Muppen a Kazen – mat deene si kënne spadséieren goen, déi si heemelen a kämme kënnen oder déi hinne Gesellschaft leeschten, wa si et brauchen.
Reegelméisseg kommen och d’Clowne vun der Organisatioun Île aux Clowns an der Résidence op der Waassertrap laanscht,
fir an enger sympathescher Ambiance e bësse gutt Laun ze verbreeden. Jiddwereen, dee wëll, ass wëllkomm mat hinnen ze sangen, ze danzen oder einfach nëmmen e bëssen ze poteren.
Naturverbonnenheet ass ee weidere wichtege Facteur, deen an der Résidence op der Waassertrap net vernoléissegt gëtt. Niewent
engem grénge Park am Bannenhaff, wou een eleng oder mat der Famill déi frësch Loft genéisse kann, huet d'REWA een idyllesche Jardin de Vie ageriicht, wou d’Bewunner·inne sech ënnert anerem ëm d’Beplanzung vun enger ganzer Rei Hochbeeter këmmere kënnen. Doniewend gouf op dëser Plaz och ee Parcours mat Geräter opgeriicht, déi et erlaben un der frëscher Loft Übungen ze maachen, fir beweeglech a kierperlech fit ze bleiwen.