Galerie Sortien
Entdeckt déi beräicherend Aventuren an Ausflich, déi mir regelméisseg fir eis Bewunner·innen organiséieren. Vun Naturausflich bis hin zu kulturell Visiten, all Ausfluch ass eng nei Geleeënheet, wäertvoll Erënnerunge ze kreéieren an onvergiesslech Erfarungen ausserhalb vun den eegene véier Wänn ze erliewen.

Italienesch Mass
Eis Bewunner hunn un enger italienescher Mass deel geholl. Hei e puer Andréck dovunner.
Fotoen

Marie-Astrid
Eis Résidents goufen op d'Schëff geschéckt ... an zwar zesumme mat eiser Animatiouns-Equipe. Si hunn e flotten Trip mat der MS Princesse Marie-Astrid gemaach.
Hei kënnt Dir e puer Fotoe vum Ausfluch gesinn.
Hei kënnt Dir e puer Fotoe vum Ausfluch gesinn.
Fotoen

Rentnerfeier 2019
Eng festlech Feier gouf vun der Suessemer Gemeng organiséiert fir eis Seniorinnen a Senioren. Et gouf gelaacht, gedanzt a gefeiert. Et war e flotte Moment an agreabeler Gesellschaft.
Fotoen
Ausstellung "Lëtzebuerg am 2. Weltkrich - 75 Joer Liberatioun"
D'Ausstellung "Lëtzebuerg am 2. Weltkrich - 75 Joer Liberatioun" war interessant an och emotional. Mat eise Leit hu mer 75 Joer no hanne gekuckt an eng Zäit, déi kee méi well nach eng kéier erliewen.
Fotoen
Mëttelalterleche Chrëschtmaart zu Mettlach
De mëttelalterleche Chrëschtmaart zu Mettlach mat senger ganz spezieller Ambiance war e flotten Treffpunkt fir eis. Chrëschtdags-Ambiance war garantéiert. Mir hunn e wonnerschéinen Dag a gudder Gesellschaft verbruecht.
Fotoen
