Galerie Alles
Entdeckt eis Fotogalerie vun der Résidence Op der Waassertrap, eng visuell Rees duerch dat dynamescht Liewe vun eiser Gemeinschaft. Daucht an an déi festlech a häerzlech Atmosphär vun eise Feierlechkeeten, entdeckt d’Vitalitéit vun eiser Gemeinschaft duerch eis flott Aktivitéiten, kommt mat op beräicherend Abenteuer wärend eise reegelméissegen Ausflich, an entdeckt déi flott an authentesch Momenter vum Alldag an der Résidence Op der Waassertrap, wou mir all Dag d’Liewen an d’Gemeinschaft feieren.
Chant de Noël
Sange mécht glécklech, dat Gefill war och present bei eisem traditionelle Chrëscht-Gesang, wou mer mat ganz léiwe Kanner Chrëscht-Lidder gesongen hunn.
Fotoen
Rentnerfeier 2019
Eng festlech Feier gouf vun der Suessemer Gemeng organiséiert fir eis Seniorinnen a Senioren. Et gouf gelaacht, gedanzt a gefeiert. Et war e flotte Moment an agreabeler Gesellschaft.
Fotoen
Philharmonie - Mäi Liewen, mäin Danz
Eis Amateure vu Musek an Danz koumen an der Philharmonie voll op hir Käschten. D'Opféierung vu "Mäin Liewen, mäin Danz" war e puere Konschtgenoss.
Fotoen

De Kleeschen
De Kleeschen ass bei eis komm. Well mir all brav ware si mir och gutt verwinnt ginn.
Fotoen
Ausstellung "Lëtzebuerg am 2. Weltkrich - 75 Joer Liberatioun"
D'Ausstellung "Lëtzebuerg am 2. Weltkrich - 75 Joer Liberatioun" war interessant an och emotional. Mat eise Leit hu mer 75 Joer no hanne gekuckt an eng Zäit, déi kee méi well nach eng kéier erliewen.
Fotoen
Mëttelalterleche Chrëschtmaart zu Mettlach
De mëttelalterleche Chrëschtmaart zu Mettlach mat senger ganz spezieller Ambiance war e flotten Treffpunkt fir eis. Chrëschtdags-Ambiance war garantéiert. Mir hunn e wonnerschéinen Dag a gudder Gesellschaft verbruecht.
Fotoen