Galerie Alles
Entdeckt eis Fotogalerie vun der Résidence Op der Waassertrap, eng visuell Rees duerch dat dynamescht Liewe vun eiser Gemeinschaft. Daucht an an déi festlech a häerzlech Atmosphär vun eise Feierlechkeeten, entdeckt d’Vitalitéit vun eiser Gemeinschaft duerch eis flott Aktivitéiten, kommt mat op beräicherend Abenteuer wärend eise reegelméissegen Ausflich, an entdeckt déi flott an authentesch Momenter vum Alldag an der Résidence Op der Waassertrap, wou mir all Dag d’Liewen an d’Gemeinschaft feieren.
Concert Zanello
E musikalesche Genoss gouf de Bewunner a Bewunnerinnen gebueden mam Duo ZANELLO. Si hu sech immens gefreet, wuelbekannte Lidder nees ze héieren, a sou munchereen huet matgesongen.
Fotoen
Bieleser Musik
Den Hämmelsmarsch krute mer gespillt vun der Bieleser Musik. Et war e ganz flotten a lëschtege Moment a gudder Gesellschaft.
Fotoen
Ile aux clowns
Clownen sinn do!
Fir eis kënnt elo nach just eppes a Fro: Danzen, Sangen a Klappen ... a mir wëllen eis net um Guidon rappen.
Fir eis kënnt elo nach just eppes a Fro: Danzen, Sangen a Klappen ... a mir wëllen eis net um Guidon rappen.
Fotoen
Vernissage- Ausstellung vun der LIGUE HMC
Eis aktuell Ausstellung "D'Liewen ass faarweg" weist Wierker déi am Atelier Faarf Fleck vun der Ligue HMC entstane sinn.
De Vernissage gouf am CIPA gefeiert a Präsenz vun den Artisten Nicole Bertrang, Eurydice Duplay, Sabrina Ernst, Cynthia Frantz, Rooble Muna, Feire Neima et Céline Galaz.
D'Ausstellung ass an der Woch ze gesinn tëscht 08:00 an 18:00 Auer, an de Weekend vun 10.00-12:00 a vu 14:00-18:00 Auer.

Gebuertsdagsfeier 18.01.2020
Den 18. Januar 2020 gouf am CIPA gefeiert. D'Lisa Mariotto huet fir déi néideg Stëmmung gesuergt. Mir wënschen eise Gebuertsdagskanner fir dat neit Liewensjoer dat Allerbescht.
Fotoen
Chant de Noël
Sange mécht glécklech, dat Gefill war och present bei eisem traditionelle Chrëscht-Gesang, wou mer mat ganz léiwe Kanner Chrëscht-Lidder gesongen hunn.
Fotoen