Passer au contenu principal

Internationalen Dag vun de Fraen



Am Kader vum Internationalen Dag vun de Fraen, deen traditionell den 08.Mäerz gefeiert gëtt, huet d’Ministesch Taina Bofferding de 5. Mäerz an de CIPA REWA zu Bieles invitéiert. Hei gouf zesumme mat de Schüler vum Lycée Belval, mat eise Pensionnairen, mat de Responsabele vun der Gemeng Suessem a mat de Responsabele vum CIPA REWA iwwert d’Situatioun an d’Gläichstelle vun de Fraen, fréier an haut, diskutéiert.

Bei där Geleeënheet gouf dann och den Documentaire “Histoire(s) de femme(s)”, vum Anne Schroeder, gewisen. Dësen Documentaire erzielt d’ Geschichte vun de Lëtzebuerger Fraen, wéi se fréier gelieft a fir d’Gläichberechtegung gekämpft hunn an zitt Verbindungen zu de feministesche Beweegungen an hire Fuerderungen hautdesdaags.

Der Ministesch Taina Bofferding ass den Austausch tëscht deene Jonken an där eelerer Generatioun immens wichteg. Nëmmen esou kennen déi Jonk sech e Bild iwwert dee laangen, schwéiere Wee vun de Frae maachen, déi sech ëmmer gewiert hunn a fir hir Rechter hu misse kämpfen. Si kennen Erfarungen austauschen, fir an eng positiv, gläichberechtegt Zukunft, tëscht Fra a Mann, ze goen.

Mir si frou datt mir un deem intergenerationellem Dialog duerften Deel huelen